Fraizait 99

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü:

IWWER EIS - WIEN ODER WAT ASS DE FRÄIZÄIT '99 ?!

De FräiZäit '99
De FräiZäit '99 ass e Veräin, dee, wéi den Numm et seet, verschidden Aktivitéiten am Beräich Fräizäit am wäiteste Sënn organiséiert.
E puer Beispiller vun eisen Organisatioune sinn: Rees op d'Cyclocross Weltmeeschterschaft, Ouschtervakanz, 1. Meefeier, Besuch vun der Landesgartenschau, Tour a verschidde Fräizäit-Parken, Spadséiergäng, Beaujolais-Owend, Silvester-Party, Belsch Plage an Norderney, Ritterfriess, Vëlos-Tour, Chrëscht-Maart asw...
Mir sinn zu Fouss, mam Vëlo, mam Bus, mam Zuch oder och mam Fliger ënnerwee. D'Touren dau-eren e puer Stonnen,1, 2 oder och emol 3 Deeg, D'Vakanzen 8-10 Deeg.
Dir gesitt, fir jiddereen an all Goût ass eppes derbäi.

Wéi koum et dozou?

Nodeems mir e puermol ënner eis eng Vakanz organiséiert haten, a Frënn a Kollegen och wollten derbäi sinn, hu mir decidéiert e Veräin ze grënnen, fir deem ganzen eng Rumm ze ginn. Och sollt net een eenzelnen déi ganz Aarbecht eleng op de Schëlleren hunn. Zu 5 hunn mir ugefaang, mais am Laf vun de Joeren gouf de Veräin ëmmer méi grouss.
Déi familiär Ambiance ass awer ëmmer bliwwen an dat ass eis och ganz wichteg. Eisen éischten Tour huet eis op Cochem an Däitschland op d'Reichsbuerg gefouert, wou mir vun de Ritter a Gauk-ler kulinaresch esou richteg verwinnt goufen.
Eng Allerhellgen-Vakanz op Lloret de Mar op der Costa Brava a Spuenien war duerno um Pro-gramm.
Lues a lues si verschidden Aktivitéiten Traditioun ginn. Den aktuelle Programm fannt Dir hei op eisem Internet-Site.
Wann Dir eng Iddi hutt (déi ze realiséieren ass): All Ureegung ass wëllkomm.

De Veräin
De FräiZäit '99 gouf den 1. August 1999 als "Association de Fait", (Zweckgemeinschaft) vu 5 Frënn a Kollege gegrënnt. Eis Statuten goufen der (Gemeng Péiteng virgeluecht an de 26. Oktober 1999 unerkannt.
Wann Dir interesséiert sidd, da mellt Iech!

Organisatioun

Op der General-Versammlung ginn déi verschidden Organisatiounen méi am Detail a mat Explikatioune virgestallt. Fir all Organisatioun kréien eis Membere Post, mat allen Donnéeën déi een esou brauch.
Eise Partner fir déi verschidden Toure ass: d'Firma Demy Cars.







 
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü